Emergenza
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Bdx), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.
Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn. |
Logo vum Festival Emergenza ass en internationale Musekfestival a -kontest un deem Gruppe kënnen deelhuelen, déi nach net bei engem grousse Museklabel ënner Vertrag stinn. D'Concerte sinn a verschidde Ronnen agedeelt; all Grupp kritt 30 Minutten op der Bühn a kann duerno eng Ronn weiderkommen. De Public entscheed, wië weiderkënnt a wien net. No regionalen an nationale Ronnen ass déi international Finall um Taubertal-Festival an Däitschland. Eng Jury wielt dann de Gewënner, deen eng komplett Musekproduktioun, eng Tournée, Musekinstrumenter an anert Equipement vu Sponsore finanzéiert kritt.
Emergenza gouf 1991 zu Roum gegrënnt, wou den éischte Concert den 8. Januar 1992 virun 245 Leit war. Fënnef Méint méi spéit waren et der scho 5000. Zu Lëtzebuerg ass tëscht 2000 an 2005 véier Mol eng national Finall organiséiert ginn.
Emergenza zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gouf tëscht 2000 an 2005 véier Mol eng national Finall an der Escher Kulturfabrik organiséiert, déi et dem Gewënner erlaabt huet, an der internationaler Finall opzetrieden. De Concours gouf vum Musekpromoteur Sascha Land a senger Gesellschaft Get-Up Music an d'Land geholl. An der lëschter Ronn vun der lëtzebuergescher Finall hat d'Jury dat lescht Wuert. De Rescht gouf vum Publikum duerch Handhiewen bestëmmt.[1]
Fir matmaachen ze kënnen huet all Grupp eng kleng Zomm Sue musse bezuelen, a bei der leschter Editioun 2005 goufen nach zwee weider Critèren agefouert (d'Band huet mussen dräi Méint bestoen an den Alterduerschnëtt vun de Memberen huet net dierfen iwwer 30 Joer leien).[1]
2000
Déi éischt lëtzebuergesch Editioun war 2000. An der nationaler Finall ware Gruppe wéi State of Mind a Fluyd. Gewonnen huet Low Density Corporation.[1]
2001
2001 waren ënner anerem Blue Room, Chaos am Re a Sonic Season dobäi. Gewonnen huet Tiger Fernandez.[1]
2003
Preselektioun an Halleffinallen
D'Preselektioun fir den Emergenza Lëtzebuerg 2003 war während zwee Weekender am Februar.
Datum | Gruppen an der Reiefolleg, an där se opgetruede sinn:1 |
---|---|
7. Februar 2003 (Preselektioun)[2] | Ophidian (#4); Vaselyne Connexion; Yuzu; CorrXion (#3); Electric Osvaldo; Aching Mind; Thorax (#1); Inborn (#2) |
8. Februar 2003 (Preselektioun)[3] | Nowhere Fast; The Mighty Pussy Lickers (#4); Paraflip (#2); Purple Haze; Solipsism; Bleeding Sword; d-fact (#1); Fourmis; Short[k]ut (#3) |
14. Februar 2003 (Preselektioun)[4] | Fast Friday; Chief Marts (#4); Frameless; Hume; Spyglass (#3); Granny's Favouritz (#2); Lifewire (#1); Pilli Pilli; Biozide |
15. Februar 2003 (Preselektioun)[5] | Soul Season; Holy National Victims (#4); Strangers; Nomad's Land; Couchgrass (#2); Crying Souls; Puma (#1); Myein (#3) |
11. Abrëll 2003 (Halleffinall)[6] | Spyglass; D-Fact; Granny's Favouritz; Holy National Victims; Short[k]ut; Soul Season; Thorax; Paraflip; Ophidian |
12. Abrëll 2003 (Halleffinall)[7] | Chief Mart's; Couchgrass; NomaD's LanD; Inborn; Fourmis; Lifewire; Myein; Puma!; Mighty Pussy Lickers |
1A Klammere steet d'Plaz, déi d'Grupp deen Owend erreecht huet
An der éischter Halleffinall huet Soul Season d'Grupp CorrXion ersat, well déi sech no der Preselektioun getrennt hat. D'Gruppen Holy National Victims, Granny's Favouritz, Paraflip a Short[k]ut koumen duerch de Vote vum Public op de Plazen 1 bis 4 weider an och Ophidian huet et als Choix vun der Jury an d'Finall gepackt.
Aching Mind huet net un der zweeter Halleffinall deelgeholl. Déi 17 aner Gruppe waren opgeruffen ze wielen, wien si sollt ersetzen an hu sech fir Fourmis entscheet. Fënnef Gruppe koumen an d'Finall: Inborn, Couchgrass, Myein, Chief Mart's a Mighty Pussy Lickers.
Finall
D'Finall war den 28. Mee 2003 an hat ëm déi 800 Spectateuren.[8] Der Rei no sinn Chief Mart's, Couchgrass, Granny's Favouritz, Myein, Inborn, Shortk[u]t, Paraflip, Holy National Victims, Mighty Pussy Lickers an Ophidian opgetrueden. Am Palmarès stungen:
D'Grupp Chief Mart's krut den Tageblatt-Präis an D-Fact huet de Backline-Präis an en Optrëtt um Rock um Knuedler gewonnen. D'Mighty Pussy Lickers haten de beschte Bassist a Short[k]ut de beschte Gittarist.
2005
Preselektioun an Halleffinallen
2005 war déi lescht lëtzebuergesch Editioun vum Emergenza Festival. D'Virwal war erëm zwee Weekender am Februar.
Datum | Gruppen an der Reiefolleg, an där se opgetruede sinn:1 |
---|---|
18. Februar 2003 (Preselektioun)[9] | Undone; Triad (#3); Ill? (#1); Graceful Rage; Fast Friday (#2); Disappointed |
19. Februar 2005 (Preselektioun)[10] | Jay's Pub (#2); Kyrenee (#3); DeadBoyDreaming; Airback (#1); Death Symphony (#3); Javies |
25. Februar 2005 (Preselektioun)[11] | Les Poubelles/The Pubbles (#1); Silent View; Mercury; Blue Shade (#2); Ky-Lin; Breet (#3) |
26. Februar 2005 (Preselektioun)[12] | Estrepito (#3); Nomad's Land; Nowhere Fast; John McAsskill; Elysis Hyt (#2); Stories to Tell (#1) |
15. Abrëll 2005 (Halleffinall)[13] | Fast Friday; Breet (#3); ILL? (#2); Jay's Pub; (#1) Estrepito; Kyrenee; Disappointed |
16. Abrëll 2005 (Halleffinall)[14] | The Pubbles/Les Poubelles (#3); Airback; Triad; John McAsskill; Blue Shade (#1); Death Symphony; Elysis Hyt; Stories to Tell (#2) |
1A Klammere steet d'Plaz, déi d'Grupp deen Owend erreecht huet
Finall
An der Finall den 28. Mee 2005 sinn der Rei no The Pubbles/Les Poubelles, Elysis Hyt, Fast Friday, Triad, Jay's Pub, Blue Shade, Stories to Tell, Breet an Ill? viru ronn 1000 Spectateuren opgetrueden.[15][16] Gewonnen huet Fast Friday:
Link
- Homepage: www.emergenza.net
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 woxx.lu: Spielwiese vum Claudine Muno (11. Februar 2005)
- ↑ Preselektioun 07.02.2003 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 08.02.2003 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 14.02.2003 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 15.02.2003 op disagreement.net
- ↑ Halleffinall 11.04.2003 op disagreement.net
- ↑ Halleffinall 12.04.2003 op disagreement.net
- ↑ Finall 28.05.2003 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 18.02.2005 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 19.02.2005 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 25.02.2005 op disagreement.net
- ↑ Preselektioun 26.02.2005 op disagreement.net
- ↑ Halleffinall 15.04.2005 op disagreement.net
- ↑ Halleffinall 16.04.2005 op disagreement.net
- ↑ Finall 28.05.2005 op disagreement.net
- ↑ Emergenza Luxemburg 2005 - it's Over (1. Juni 2005)