D'Feieromes, och Feiersalamander genannt (Salamandra salamandra), ass eng europäesch Amphibienaart aus der Famill vun de Salamandridae.
D'Aart kënnt a groussen Deeler vun Europa vir, bis op eng Héicht vu 600 bis 800 Meter, ausser a Skandinavien, Groussbritannien, Irland an Nordosteuropa. Feieromesse liewen a Lafbëscher mat proppere Baachleef; si si meeschtens nuets aktiv a verstoppe sech am Dag ënnert Blieder oder a Splécken an Hielen. Si erniere sech vu klengem Gedéiesch - Insekten, Wierm, Schleeken, kleng Fräschen, asw.
Si kënne vu Kapp bis de Wupp vum Schwanz 23 Zentimeter grouss ginn an eng 40 Gramm weien. Si hunn eng glat, pechschwaarz Haut, op där um Réck giel bis orange Sträifen oder Tëppelen ze gesi sinn. Dës opfälleg Faarf déngt dozou, Friessfeinden ofzeschrecken, an op hir Gëftegkeet hinzeweisen... > méi
... Halloween op e Karschnatz- an Neijoerschfest vun de Kelten zeréckgeet?
... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol – 1924 an 1928 – d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
... d' Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
... d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
… d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?