Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Physik
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Lëscht Nobelpräis Physik)
Dës Lëscht vun den Nobelpräisdréier an der Physik ass en Deel vun de Referenztabellen.
1901 bis 1910 • 1911 bis 1920 • 1921 bis 1930 • 1931 bis 1940 • 1941 bis 1950 • 1951 bis 1960 |
1961 bis 1970 • 1971 bis 1980 • 1981 bis 1990 • 1991 bis 2000 • 2001 bis 2010 • 2011 bis 2020 |
1901 - 1910
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1901 | Wilhelm Conrad Röntgen | Däitscht Räich | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun de Röntgestrale geleescht huet." | |
1902 | Hendrik Antoon Lorentz | Holland | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht de si duerch hir Fuerschungen um Afloss vum Magnetismus op Stralungsphenomeener (Zeeman Effet) geleescht hunn". | |
Pieter Zeeman | Holland | |||
1903 | Antoine Henri Becquerel | Frankräich | "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun der spontaner Radioaktivitéit geleescht huet." | |
Pierre Curie | Frankräich | "als Unerkennung fir déi aussergewéinlech Déngschter déi si duerch hir gemeinsam Fuerschung un der Radioaktivitéit, geleescht hunn ." | ||
Marie Curie | Frankräich | |||
1904 | John William Strutt, 3. Baron Rayleigh | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Ënnersich vun den Dichte vun de wichtegste Gasen a seng Entdeckung vum Argon" | |
1905 | Philipp Eduard Anton von Lenard | Däitscht Räich | "fir seng Aarbecht u Kathodestralen" | |
1906 | Sir Joseph John Thomson | Vereenegt Kinnekräich | "als Unerkennung fir déi grouss Verdéngschter vu sengen theoreeteschen an experimentellen Ënnersich vum Leede vu Stroum an de Gasen" | |
1907 | Albert Abraham Michelson | Polen | "fir seng optesch Prezisiounsinstrumenter an déi spektroskopesch a metrologesch Ënnersich déi domat gemaach goufen" | |
1908 | Gabriel Lippmann | Frankräich | "fir seng Method, déi um Phenomeen vun der Interferenz baséiert, fir Faarwe fotografesch ze reproduzéieren" | |
1909 | Guglielmo Marconi | Däitscht Räich | "als Unerkennung fir hir Bäiträg fir d'Entwécklung vun der kabelloser Telegraphie" | |
Karl Ferdinand Braun | Däitscht Räich | |||
1910 | Johannes Diderik van der Waals | Holland | "Fir seng Aarbecht un der Zoustandsequatioun vu Gasen a Flëssegkeeten" (van der Waals Kraaft) |
1911 - 1920
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1911 | Wilhelm Wien | Däitscht Räich | "fir seng Entdeckungen am Bezuch op d'Gesetzer vun der Hëtztstralung" (Wien Gesetz) | |
1912 | Nils Gustaf Dalén | Schweden | "fir seng Erfindung vun automatesche Regulateuren déi zesumme mat Gas-Akkue fir d'Beliichtung vu Liichttierm a Boje benotzt ginn" | |
1913 | Heike Kamerlingh-Onnes | Holland | "fir seng Ënnersich vun den Eegenschafte vun der Matière bei niddregen Temperaturen, déi, ënner anerem, zur Produktioun vu flëssegem Helium gefouert hunn" | |
1914 | Max von Laue | Däitscht Räich | "fir seng Entdeckung vun der Streeung vu Röntgenstralen an de Kristaller" | |
1915 | Sir William Henry Bragg | Vereenegt Kinnekräich | "fir hir Déngschter an der Analys vun der Kristallstruktur mat Hëllef vu Röntgenstralung" | |
1916 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
1917 | Charles Glover Barkla | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Entdeckung vun der charakteristescher Röntgenstralung vun den Elementer" | |
1918 | Max Planck | Däitscht Räich | "als Unerkennung fir déi Déngschter déi hie fir de Fortschrëtt vun der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun den Energiequanten" | |
1919 | Johannes Stark | Däitscht Räich | "fir seng Entdeckung vum Doppler-Effet a Kanalstralen, an dem Splécke vun de Spektrallinnen a vun den elektresche Felder" (Stark Effet) | |
1920 | Charles Edouard Guillaume | Schwäiz | "als Unerkennung fir den Déngscht den hie fir d'Prezisiounsmiessungen an der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun Anomalien an Néckel-Stol-Alliagen" |
1921 - 1930
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1921 | Albert Einstein (den 9. November 1922 ugekënnegt, den 10. Dezember 1922 iwwerreecht) | Däitscht Räich | "fir seng Déngschter fir theoreetesch Physik, a besonnesch fir seng Erklärung vum photoelektreschen Effet" | |
1922 | Niels Henrik David Bohr | Dänemark | "fir seng Déngschter beim Ënnersiche vun der Struktur vun Atomer a vun der Stralung déi vun hinne fortgeet" | |
1923 | Robert Andrews Millikan | USA | "fir seng Aarbecht un der elementarer elektrescher Luedung an dem photoelektreschen Effet" | |
1924 | Karl Manne Georg Siegbahn (1925 iwwerreecht) | Schweden | "fir seng Entdeckungen an d'Fuerschung am Beräich vun der Röntgenspektroskopie" | |
1925 | James Franck (1926 iwwerreecht) | Däitscht Räich | "fir hir Entdeckung vun de Gesetzer déi den Impakt vun engem Elektron op engem Atom beschreiwen" | |
Gustav Ludwig Hertz (1926 iwwerreecht) | Däitscht Räich | |||
1926 | Jean Baptiste Perrin | Frankräich | "fir seng Aarbecht un der diskontinuéierlecher Struktur vun der Matière, a besonnesch fir seng Entdeckung vum Sedimentatiouns-Equilibrium" | |
1927 | Arthur Holly Compton | USA | "fir seng Entdeckung vun deem no him benannte Compton-Effet" | |
Charles Thomson Rees Wilson | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Method fir Trajectoirë vun elektresch geluedenen Deelercher duerch Kondensatioun vun Damp siichtbar ze maachen" | ||
1928 | Owen Willans Richardson (1929 iwwerreecht) | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Aarbecht um thermoionesche Phenomeen, a besonnesch fir d'Entdeckung vum Gesetz dat no him benannt gouf" | |
1929 | Prince Louis-Victor Pierre Raymond de Broglie | Frankräich | "fir seng Enteckung vun der Wellennatur vum Elektron" | |
1930 | Sir Chandrasekhara Venkata Raman | Indien | "fir seng Aarbecht un der Streeung vu Liicht, a fir d'Entdeckung vum no him benannten Effet (Raman-Streeung)" |
1931 - 1940
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1931 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
1932 | Werner Karl Heisenberg | Däitscht Räich | "fir d'Grënnung vun der Quantemechanik, hir Uwendung, déi ënner anerem, zu der Entdeckung vun allotropesche Forme vum Waasserstoff gefouert huet" | |
1933 | Erwin Schrödinger | Éisträich | "fir d'Entdeckung vun neie produktive Forme vun der Atomtheorie" | |
Paul Adrien Maurice Dirac | Vereenegt Kinnekräich | |||
1934 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
1935 | James Chadwick | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Entdeckung vum Neutron" | |
1936 | Victor Franz Hess | Éisträich | "fir seng Entdeckung vun der kosmescher Stralung" | |
Carl David Anderson | USA | "fir seng Entdeckung vum Positron" | ||
1937 | Clinton Joseph Davisson | USA | "fir hir experimentell Entdeckung vun der Streeung vun Elektronen an de Kristaller" | |
George Paget Thomson | Vereenegt Kinnekräich | |||
1938 | Enrico Fermi | Italien | "fir säi Bewäis vun der Existenz vun neie radioaktiven Elementer déi duerch Neutronebestralung entstane sinn, a fir seng domat verbonnen Entdeckung vun duerch lues Neutronen ausgeléist nukleare Reaktiounen" | |
1939 | Ernest Orlando Lawrence | USA | "fir d'Erfindung an d'Entwécklung vum Zyklotron a fir d'Resultater déi domat erziilt goufen, a besonnesch am Bezuch op kënschtlech radioaktiv Elementer" | |
1940 | (keen Nobelpräis verginn) |
1941 - 1950
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1941 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
1942 | (keen Nobelpräis verginn) | |||
1943 | Otto Stern (1944 iwwerreecht) | Däitschland | "fir säi Beitrag zur Entwécklung vun der Molekularstral Method a senger Entdeckung vum magnéitesche Moment vum Proton" | |
1944 | Isidor Isaac Rabi | USA | "fir seng Method mat Resonanz magnéitesch Eegenschafte vun Atomkären ze moossen" | |
1945 | Wolfgang Pauli | Éisträich | "fir d'Entdeckung vum Ausschléissungsprinzip, deen och Pauli-Prinzip genannt gëtt" | |
1946 | Percy Williams Bridgman | USA | "fir d'Erfindung vun engem Apparat fir extreem héijen Drock ze produzéieren, a fir seng Entdeckungen déi hien am Beräich vun der Physik vum héijen Drock gemaach huet" | |
1947 | Sir Edward Victor Appleton | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Ënnersich vun der Physik vun der ieweschter Atmosphär, a besonnesch fir d'Entdeckung vun der sougenannter Appleton-Schicht" | |
1948 | Patrick Maynard Stuart Blackett | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Entwécklung vun der Wilson Dampkummer a seng Entdeckungen am Beräich vun der Nuklearphysik vu kosmescher Stralung" | |
1949 | Hideki Yukawa | Japan | "fir seng Virausso vun der Existenz vu Mesonen, déi op senger theoreetescher Aarbecht iwwer nuklear Kräfte baséiert " | |
1950 | Cecil Frank Powell | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Entwécklung vun der fotografescher Method fir nuklear Prozesser ze studéieren a seng, mat där Method gemaachten Entdeckungen am Bezuch op d'Mesonen" |
1951 - 1960
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1951 | Sir John Douglas Cockcroft | Vereenegt Kinnekräich | "fir hir Pionéieraarbecht un der Transmutatioun vun Atomkären duerch kënschtlech beschleunegt atomar Deelercher" | |
Ernest Thomas Sinton Walton | Irland | |||
1952 | Felix Bloch | USA | "fir hir Entwécklung vun neie Methode fir nuklear magnéitesch Prezisiounsmiessungen an déi domat verbonnen Entdeckungen" | |
Edward Mills Purcell | USA | |||
1953 | Frits Zernike | Holland | "fir säi Beweis vun der Phasekontrastmethod, a besonnesch fir seng Erfindung vum Phasekontrastmikroskop" | |
1954 | Max Born | Polen | "fir seng fundamental Fuerschung an der Quantemechanik, a besonnesch fir seng statistesch Interpretatioun vun der Wellefunktioun" | |
Walther Bothe | Däitschland | "fir d'Koinzidenzmethod a seng Entdeckungen déi hien domat gemaach huet" | ||
1955 | Willis Eugene Lamb | USA | "fir seng Entdeckunge wat d'Feinstruktur vum Waasserstoffspektrum ugeet" (Lamb shift) | |
Polykarp Kusch | USA | "fir seng prezis Bestëmmung vum magnéitesche Moment vum Elektron" | ||
1956 | William Bradford Shockley | USA | "fir hir Fuerschungen un Hallefleederen an hir Entdeckung vum Transistoreffet" | |
John Bardeen | USA | |||
Walter Houser Brattain | USA | |||
1957 | Chen Ning Yang | China | "fir hir déifgrënneg Ënnersichunge vun de sougenannte Paritéitsgesetzer, wat zu wichtegen Entdeckungen am Bezuch op elementar Deelercher gefouert huet" | |
Tsung-Dao Lee | China | |||
1958 | Pavel Alekseyevich Cherenkov | Sowjetunioun | "fir d'Entdeckung an d'Interpretatioun vum Cherenkov-Vavilov Effet" | |
Ilja Frank | Sowjetunioun | |||
Igor Tamm | Sowjetunioun | |||
1959 | Emilio Gino Segre | USA | "fir hir Entdeckung vum Antiproton" | |
Owen Chamberlain | USA | |||
1960 | Donald Arthur Glaser | USA | "fir d'Erfindung vun der Blosekummer" |
1961 - 1970
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1961 | Robert Hofstadter | USA | "fir seng Pionéieraarbecht bei den Ënnersich vun der Streeung vun Elektronen an Atomkären, an déi dobäi erreecht Entdeckungen am Bezuch op d'Struktur vun den Nukleonen" | |
Rudolf Ludwig Mössbauer | Däitschland | "fir seng Fuerschungen un der Resonanzabsorptioun vu Gammastralung a seng domat verbonnen Entdeckung vum Effet de säin Numm dréit" (Mössbauer Effet) | ||
1962 | Lev Davidovich Landau | Sowjetunioun | "fir seng pionéierlech Theorie fir kondenséiert Matière, besonnesch flëssegen Helium" | |
1963 | Eugene Paul Wigner | USA | "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun Atomkären an elementaren Deelercher, besonnesch duerch d'Entdeckung an d'Uwendung vu fundamentale Symmetrie Prinziper" | |
Maria Goeppert-Mayer | USA | "fir hir Entdeckunge wat d'nuklear Schuelestruktur ugeet" | ||
Johannes Hans Daniel Jensen | Däitschland | |||
1964 | Charles Hard Townes | USA | "fir fundamental Aarbecht am Domän vun der Quantenelektronik, déi zur, um Prinzip vum Maser-Laser baséierend, Konstruktioun vun Oszillatoren a Verstäerkere gefouert huet" | |
Nicolay Gennadiyevich Basov | Sowjetunioun | |||
Alexander Prochorow | Sowjetunioun | |||
1965 | Richard Feynman | USA | "fir hir fundamental Aarbecht an der Quantenelektrodynamik, mat déifgrënnege Konsequenze fir d'Physik vun den elementaren Deelercher" | |
Julian Schwinger | USA | |||
Sin-Itiro Tomonaga | Japan | |||
1966 | Alfred Kastler | Frankräich | "fir d'Entdeckung an d'Entwécklung vun optesche Methode fir Hertzresonanzen an Atomer ze studéieren" | |
1967 | Hans Albrecht Bethe | USA | "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun nukleare Reaktiounen, a besonnesch seng Entdeckungen am Bezuch op d'Energieproduktioun an de Stären" | |
1968 | Luis Walter Alvarez | USA | "fir seng entscheedend Bäiträg zu der Physik vun den elementaren Deelercher, a besonnesch d'Entdeckung vun enger grousser Zuel vun Resonanzzoustänn, erméiglecht duerch seng Weiderentwécklung vun der Technik fir Waasserstoff-Bullekummeren ze benotzen an der Datenanalys" | |
1969 | Murray Gell-Mann | USA | "fir seng Bäiträg an Entdeckunge wat d'Klassifikatioun vun den elementaren Deelercher an hiren Interaktiounen ugeet" | |
1970 | Hannes Olof Gösta Alfvén | Schweden | "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen an der Magnéit-Hydrodynamik, mat fruchtbaren Uwendungen a verschiddene Beräicher vun der Plasmaphysik" | |
Louis Eugene Félix Néel | Frankräich | "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen am Bezuch op Antiferromagnéiten a Ferrimagnéiten, déi zu wichtegen Uwendungen an der Festkierperphysik gefouert hunn" |
1971 - 1980
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet | |
---|---|---|---|---|---|
1971 | Dennis Gabor | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Entdeckung an Entwécklung vun der holografescher Method" | ||
1972 | John Bardeen | USA | "fir hir zesummen entwéckelt Theorie vun der Superleedung, och dacks BCS-Theorie genannt" | ||
Leon Neil Cooper | USA | ||||
John Robert Schrieffer | USA | ||||
1973 | Leo Esaki | Japan | "fir hir experimentell Entdeckungen am Bezuch op Tunnelphenomeener an Hallef- a Superleederen" | ||
Ivar Giaever | USA | ||||
Brian David Josephson | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng theoreetesch Virausso vun den Eegenschafte vun engem Superstroum duerch eng Tunnelbarrière, a besonnesch déi Phenomeener déi allgeméng als Josephson Effet bekannt sinn" | |||
1974 | Sir Martin Ryle | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng Observatiounen an Erfindungen, besonnesch vun der Ëffnungs Syntheesen Technik" | "fir hir pionéierlesch Fuerschung an der Radio Astrophysik" | |
Antony Hewish | Vereenegt Kinnekräich | "fir seng entscheedend Roll an der Entdeckung vu Pulsaren" | |||
1975 | Aage Niels Bohr | Dänemark | "fir d'Entdeckung vun der Verbindung tëscht kollektiver Beweegung a Partikelbeweegung an Atomkären, an d'Entwécklung vun der Theorie vun der Struktur vum Atomkär, déi op dëser Verbindung berout" | ||
Ben Mottelson | Dänemark | ||||
James Rainwater | USA | ||||
1976 | Burton Richter | USA | "fir hir Pionéieraarbecht bei der Entdeckung vun engem neie schwéieren Deelchen" (J Deelchen) | ||
Samuel Chao Chung Ting | USA | ||||
1977 | Philip Warren Anderson | USA | "fir hir fundamental theoreetesch Ënnersichunge vun der elektronescher Struktur vu magnéiteschen an ongeuerdente Systemer" | ||
Nevill Francis Mott | Vereenegt Kinnekräich | ||||
John Hasbrouck Van Vleck | USA | ||||
1978 | Pyotr Leonidovich Kapitsa | Sowjetunioun | "fir seng fundamental Erfindungen an Entdeckungen am Beräich vun der Physik vun den niddregen Temperaturen" | ||
Arno Allan Penzias | USA | "fir hir Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen-Hannergrondstralung" | |||
Robert Woodrow Wilson | USA | ||||
1979 | Sheldon Lee Glashow | USA | "fir hir Bäiträg zu der Theorie vun de vereenegte schwaachen an elektromagnéiteschen Interaktiounen tëscht elementaren Deelercher, an och, ënner anerem, hiert Viraussoe vun de schwaachen neutrale Stréim" | ||
Abdus Salam | Pakistan | ||||
Steven Weinberg | USA | ||||
1980 | James Watson Cronin | USA | "fir d'Entdeckung vun der Violatioun vu fundamentale Symmetrie Prinziper am Zerfall vum neutrale K-Meson" | ||
Val Logsdon Fitch | USA |
1981 - 1990
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1981 | Nicolaas Bloembergen | Holland | "fir hire Bäitrag zu der Entwécklung vun der Laser-Spektroskopie" | |
Arthur Leonard Schawlow | USA | |||
Kai Manne Börje Siegbahn | Schweden | "fir säi Bäitrag zu der Entwécklung vun der Héich-Opléisungs-Elektrone-Spektroskopie" | ||
1982 | Kenneth G. Wilson | USA | "fir seng Theorie vu kritesche Phenomeener a Verbindung mat Phaseniwwergäng" | |
1983 | Subrahmanyan Chandrasekhar | Indien | "fir seng theoreetesch Studie vun de physikalesche Prozesser, déi vu Wichtegkeet an der Struktur an an der Evolutioun vu Stäre sinn" (Chandrasekhar Limit) | |
William Alfred Fowler | USA | "fir seng theoreetesch an experimentell Studie vun den nukleare Reaktiounen, déi vun Wichtegkeet beim Entstoe vu cheemeschen Elementer am Universum sinn" | ||
1984 | Carlo Rubbia | Italien | "fir hir entscheedend Bäiträg zum grousse Projet, deen zu der Entdeckung vun de W an Z Deelercher gefouert huet, déi Felder déi d'schwaach Interaktioun vermëttelen" | |
Simon van der Meer | Holland | |||
1985 | Klaus von Klitzing | Polen | "fir d'Entdeckung vum Quanten-Hall-Effet" | |
1986 | Ernst Ruska | Däitschland | "fir seng fundamental Aarbecht an der Elektronen Optik a fir den Entworf vum éischten Elektronemikroskop" | |
Gerd Binnig | Däitschland | "fir hiren Entworf vum Rastertunnelmikroskop" | ||
Heinrich Rohrer | Schwäiz | |||
1987 | Johannes Georg Bednorz | Däitschland | "fir hire wichtegen Duerchbroch duerch d'Entdeckung vun der Superleedung a Keramik Materialien" | |
Karl Alexander Müller | Schwäiz | |||
1988 | Leon Max Lederman | USA | "fir d'Neutrinostral-Method an dem Noweis vum Muon-Neutrino" | |
Melvin Schwartz | USA | |||
Jack Steinberger | Däitschland | |||
1989 | Norman Foster Ramsey | USA | "fir d'Entdeckung vun der separated oscillatory fields Method an hir Benotzung an Atom-Aueren" | |
Hans Georg Dehmelt | Däitschland | "fir d'Entwécklung vun der Ione Fall Technik" | ||
Wolfgang Paul | Däitschland | |||
1990 | Jerome Isaac Friedman | USA | "fir hir Pionéierinvestigatiounen am Bezuch op déif inelastesch Streeung vun Elektronen u Protonen a gebonnenen Neutronen, déi vun enormer Wichtegkeet fir d'Entwécklung vum Quark Modell an der Deelchephysik waren" | |
Henry Way Kendall | USA | |||
Richard Edward Taylor | Kanada |
1991 - 2000
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
1991 | Pierre-Gilles de Gennes | Frankräich | "fir d'Entdeckung datt Methoden, déi fir d'Studéiere vun Uerdnungsphenomeener an einfache Systemer entwéckelt goufen, och kënne fir méi komplex Forme vun Matière verallgemengert ginn, a besonnesch fir flësseg Kristaller an Polymeren" | |
1992 | Georges Charpak | Frankräich | "fir seng Erfindung an Entwécklung vun Detektoren an der Deelchephysik, a besonnesch d'Villkabel-Proportionalkummer" | |
1993 | Russell Hulse | USA | "fir d'Entdeckung vun engem neien Typ vu Pulsar, eng Entdeckung déi nei Weeër an der Gravitatiounsfuerschung erméiglecht huet" | |
Joseph Hooton Taylor, Jr. | USA | |||
1994 | Bertram Brockhouse | Kanada | "fir d'Entwécklung vun der Neutrone-Spektroskopie" | |
Clifford Shull | USA | |||
1995 | Martin Lewis Perl | USA | "fir d'Entdeckung vum Tau Lepton" | |
Frederick Reines | USA | "fir d'Entdeckung vum Neutrino" | ||
1996 | David Morris Lee | USA | "fir hir Entdeckung vun der Superfluiditéit am Helium-3" | |
Douglas Dean Osheroff | USA | |||
Robert Coleman Richardson | USA | |||
1997 | Steven Chu | USA | "fir d'Entwécklung vu Methode fir Atomer mat Laserluucht ofzekillen an anzefänken" | |
Claude Cohen-Tannoudji | Frankräich | |||
William Daniel Phillips | USA | |||
1998 | Robert Betts Laughlin | USA | "fir hir Entdeckung vun enger neier Form vu Quantefluid mat fraktionell geluedenen Excitatiounen" (Fraktionellen Quanten Hall Effet) | |
Horst Ludwig Störmer | Däitschland | |||
Daniel Chee Tsui | USA | |||
1999 | Gerardus ’t Hooft | Holland | "fir d'Opklärung vun der Quantestruktur vun den elektroschwaachen Interaktiounen an der Physik" | |
Martinus J. G. Veltman | Holland | |||
2000 | Jores Alfjorow | Sowjetunioun | "fir d'Entwécklung vun hallefleedenden Heterostrukturen déi an der Héich-Vitess- an Optoelektronik benotzt ginn" | |
Herbert Kroemer | Däitschland | |||
Jack Kilby | USA | "fir säin Deel un der Entdeckung vum integréierte Schaltkrees" |
2001 - 2010
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet |
---|---|---|---|---|
2001 | Eric Allin Cornell | USA | "fir Realisatioun vum Bose-Einstein-Kondensat a verdënnte Gase vun Alkali Atomer, a fir fréi fundamental Studie vun den Eegenschafte vum Kondensat" | |
Wolfgang Ketterle | Däitschland | |||
Carl Edwin Wieman | USA | |||
2002 | Raymond Davis junior | USA | "fir pionéierlech Bäiträg zu der Astrophysik, a besonnesch fir den Noweis vu kosmeschen Neutrinoen" | |
Masatoshi Koshiba | Japan | |||
Riccardo Giacconi | USA | "fir pionéierlech Bäiträg zu der Astrophysik, déi zur Entdeckung vu kosmesche Röntgenstralequelle gefouert hunn " | ||
2003 | Alexei Abrikossow | USA | "fir Pionéierbäiträg an der Theorie vu Superleederen a Superfluiden" | |
Witali Ginsburg | Sowjetunioun | |||
Anthony James Leggett | Vereenegt Kinnekräich | |||
2004 | David Gross | USA | "fir d'Entdeckung vun der asymptotescher Fräiheet an der Theorie vun der staarker Interaktioun" | |
David Politzer | USA | |||
Frank Wilczek | USA | |||
2005 | Roy Jay Glauber | USA | "fir säi Bäitrag zu der Quantentheorie vun optescher Koherenz" | |
John Lewis Hall | USA | "fir hir Bäiträg zu der Entwécklung vun, op Laser baséierend, Prezisiouns-Spektroskopie; déi optesch Frequenzkamm-Technik abegraff" | ||
Theodor Hänsch | Däitschland | |||
2006 | John Cromwell Mather | USA | "fir hir Ënnersichung vun der kosmescher Hannergrondstralung" | |
George Smoot | USA | |||
2007 | Albert Fert | Frankräich | "fir de Risemagneto-Widderstandseffet" | |
Peter Grünberg | Däitschland | |||
2008 | Yōichirō Nambu | USA | "fir d'Entdeckung vum Mechanismus vun der spontaner Symmetriebriechung an der Elementardeelchephysik" | |
Makoto Kobayashi | Japan | "fir d'Entdeckung vum Ursprong vun der gebracher Symmetrie, déi d'Existenz vu mindestens dräi Quarkfamillje virausseet" | ||
Toshihide Masukawa | Japan | |||
2009 | Charles Kuen Kao | USA | "fir bunnbriechend Erfolleger um Gebitt vun der Liichtleedung mat Fiberoptik fir d'optesch Kommunikatioun" | |
Willard Boyle | USA | "fir d'Erfanne vum CCD-Sensor" | ||
George Elwood Smith | USA | |||
2010 | Andre Geim | Holland | "fir grondleeënd Experimenter mat dem zweedimensionale Material Graphen" | |
Konstantin Novoselov | Vereenegt Kinnekräich |
2011 - 2020
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Laureat(en) | Foto | Nationalitéit | Sujet | |
---|---|---|---|---|---|
2011 | Saul Perlmutter | USA | "fir d'Entdeckung vun der beschleunegter Expansioun vum Universum duerch Beobachtunge vu Supernovae déi wäit ewech waren" | ||
Brian P. Schmidt | USA | ||||
Adam Riess | USA | ||||
2012 | Serge Haroche | Frankräich | "fir Entwécklung vu revolutionären experimentelle Methoden, déi et erméiglechen, Quantensystemer ze manipuléieren." | ||
David Wineland | USA | ||||
2013 | François Englert | Belsch | "fir déi theoreetesch Entdeckung vum Higgs-Mechanismus, deen zu onsem Verständnis vum Ursprong vun der Mass vu subatomaren Deelercher bäidréit, an dee kierzlech duerch d'Entdeckung vum virausgesoten Elementardeelchen duerch d'ATLAS- an CMS-Experimenter am Large Hadron Collider vum CERN bestätegt gouf" | ||
Peter W. Higgs | Vereenegt Kinnekräich | ||||
2014 | Isamu Akasaki | Japan | "fir d'Erfindung vun effiziente, bloe, Liicht ausstralenden Dioden, déi hell an energiespuerend Liichtquellen erméiglecht hunn“ | ||
Hiroshi Amano | Japan | ||||
Shuji Nakamura | USA | ||||
2015 | Takaaki Kajita | Japan | "fir d'Entdeckung vun den Neutrino-Oszillatiounen, déi weisen datt Neutrinoen eng Mass hunn" | ||
Arthur McDonald | Kanada | ||||
2016 | David J. Thouless | Vereenegt Kinnekräich | "fir theoreetesch Entdeckunge vun topologesche Phaseniwwergäng an topologesche Materiephasen“ | ||
F. Duncan M. Haldane | Vereenegt Kinnekräich | ||||
John M. Kosterlitz | Vereenegt Kinnekräich | ||||
2017 | Rainer Weiss | USA | "fir entscheedend Bäiträg fir de LIGO-Detekter (Laser Interferometer Gravitational-Wave Observatory) an d'Observatioun vu Gravitatiounswellen" | ||
Barry Barish | USA | ||||
Kip Thorne | USA | ||||
2018 | Arthur Ashkin | USA | "fir d'Entwécklung vun optesche Pincetten an hir Benotzung an der Biologie". | "fir fortschrëttlech Erfindungen am Beräich vun der Laserphysik" | |
Gérard Mourou | Frankräich | "fir d' Entwécklung vun enger Method, mat där sech héichenergetesch, ultrakuerz optesch Pulser maache loossen" | |||
Donna Strickland | Kanada | ||||
2019 | James Peebles | Kanada | "fir theoreetesch Entdeckungen an der physikalesche Kosmologie“. | ||
Michel Mayor | Schwäiz | „fir d'Entdeckung vun engem Exoplanéit, dee ronderëm e sonnenänleche Stär kreest“. | |||
Didier Queloz | Schwäiz |
1901 bis 1910 • 1911 bis 1920 • 1921 bis 1930 • 1931 bis 1940 • 1941 bis 1950 • 1951 bis 1960 |
1961 bis 1970 • 1971 bis 1980 • 1981 bis 1990 • 1991 bis 2000 • 2001 bis 2010 • 2011 bis 2020 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nobel laureates in Physics – Biller, Videoen oder Audiodateien |