Op den Inhalt sprangen

Bäcker

Vu Wikipedia
Eng Bäckesch an Éisträich.
E Bäcker bakt Brout an Egypten.

E Bäcker (fir de Mann) oder eng Bäckesch (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi op d'Produktioun vu Bakwueren ewéi Brout, Bréidercher, Kuch, Gebäck an aner Deegproduite spezialiséiert ass. Bäcker schaffen a Bäckereien, Pâtisserien, Supermarchéen oder an industrielle Bakbetriber. Hir Aufgaben ëmfaassen d'Mësche vun den Zutaten, d'Knieden an d'Forme vum Deeg, d'Bake vun de Produiten am Uewen an dacks och d'Dekoréiere vum Kuch a Gebäck.

D'Ausbildung zum Bäcker verbënnt Theorie a Praxis an dauert zu Lëtzebuerg dräi Joer. Si gëtt zum Beispill am Bouneweger Lycée ugebueden (Boulanger-pâtissier).[1] Wärend där Ausbildung léieren déi zukünfteg Bäcker iwwer verschidde Mielzorten, Baktechniken, Liewensmëttelhygiène an d'Benotze vum Bakuewen an anere Maschinnen. Donieft léiere si och, wéi een nei Rezepter entwéckelt a Rezepter déi et scho gëtt, upasst, fir d'Qualitéit an d'Diversitéit an der Produktpalett ze garantéieren.

Bäcker fänken hire Schaffdag am Allgemenge fréi Moies un, fir sécherzestellen, datt frësch Bakwuere matzäit fäerdeg sinn, fir wann de Buttek, an deem se verkaaft ginn, opgeet. An handwierkleche Bäckereien ass d'Produktioun dacks méi kleng a villfälteg, wärend an industrielle Betriber grouss Quantitéite vu standardiséierte Produiten hiergestallt ginn.

Nieft enger handwierklecher Fäegkeet erfuerdert de Beruff vum Bäcker och Kreativitéit, virun allem wann en och Pâtisserie mécht, a Kenntnisser iwwer d'Haltbarkeet an d'Lagerung vun de Liewensmëttel.[2] A ville Länner droen d'Bäcker zur alldeeglecher Ernierung bäi an hunn eng laang Traditioun an der Produktioun vu Liewensmëttel, déi déif a ville Kulture verwuerzelt ass.

De Familljennumm Becker geet op de Beruff vum Bäcker zeréck.

Commons: Bäcker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. bounewegerlycee.lu: Formation professionnelle – Boulanger-pâtissier (gekuckt den 23. August 2024)
  2. Chambre des métiers: Boulanger-Pâtissier (H/F) (gekuckt den 23. August 2024)