Op den Inhalt sprangen

KFC

Vu Wikipedia
KFC
Grënnungsdatum 1930
Grënner Harland D. Sanders
Generaldirekter Sabir Sami
  ()
  ()
Branche Fastfood
Homepage https://www.kfc.com/
KFC-Logo mam “Colonel Sanders”

KFC, offiziell KFC Corporation[1], bis 1991 och als Kentucky Fried Chicken bekannt, ass eng US-amerikanesch Fastfoodketten, déi op frittéierte Poulet spezialiséiert ass. Si huet hire Sëtz zu Louisville am Kentucky an ass no McDonald's, wat de Verkaf betrëfft, déi zweetgréisst Restaurantsketten op der Welt. KFC huet ëm déi 25.000 Restauranten an 145 Länner an Territoiren (Stand: 2024)[2]. D'Mark gehéiert zur Firma Yum! Brands, zu där och Pizza Hut an Taco Bell gehéieren.

KFC ass vum Harland D. Sanders gegrënnt ginn, deen zur Zäit vun der Great Depression an den USA aus sengem Restaurant nieft enger Strooss am Kentucky frittéierte Poulet verkaaft huet. Hien huet d'Potential vum Konzept vun der Restaurantsfranchise erkannt, an 1952 ass déi éischt Kentucky-Fried-Chicken-Franchise am Bundesstaat Utah opgaangen. KFC huet de Poulet an der Fastfoodindustrie populariséiert, an de Maart diversifizéiert an deem d'Firma d'Dominanz vum deemools etabléierten Hamburger erausgefuerdert huet. Sech selwer huet den Harland als “Colonel Sanders” vermaart an ass esou eng prominent Figur an der amerikanescher Kulturgeschicht ginn. Säi Bild gëtt och haut nach vill an de Reklamme vu KFC benotzt. Trotzdeem huet der Firma hir séier Entwécklung den eelere Sanders iwwerfuerdert, dee se 1964 un Investisseure verkaaft huet.

E KFC Restaurant am Stuttgarter Quartier Mühlhausen

Als eng vun den éischten amerikanesche Fastfoodketten, déi sech international ausgebreet huet, hat KFC scho Mëtt der 1960er Jore Restauranten a Kanada, Groussbritannien, Mexiko a Jamaika opgemaach. An den 1970er an den 1980er hat d'Entreprise mol méi, mol manner Gléck um amerikanesche Maart, wëll hir Besëtzer e puermol gewiesselt hunn a si net all Erfarungen an der Gastronomie haten. 1986 ass KFC u PepsiCo verkaaft ginn. D'Joer drop huet si als éischt westlech Chaîne e Restaurant a China opgemaach, wou si zënterhier staark expandéiert huet. China ass haut de gréissten Eenzelmaart vu KFC. PepsiCo huet seng Restaurantsdivisioun méi spéit als Tricon Global Restaurants ofgespléckt, déi duerno a Yum! Brands ëmgenannt ginn ass.

Den urspréngleche Produit vu KFC si frittéiert Pouletsstécker, déi mam Sanders sengem Rezept aus 11 Kraider gewierzt sinn. Dat Rezept ass e Betribsgeheimnis. Méi grouss Pouletsstécker ginn an engem Kartongseemer zerwéiert, deen e bekannt Element vun der Kette ginn ass, zënter datt en 1957 fir d'éischt agefouert gouf. Zënter den 1990er Jore ginn och aner Pouletsprodukter an och Zaloten, Bäilagen, Desserten an Erfrëschungsgedrénks zerwéiert.

KFC zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 2024 huet KFC annoncéiert, en éischte Restaurant um Belval opzemaachen. Bis 2028 sollen dann nach aacht weider KFC-Restauranten zu Lëtzebuerg opgoen, bei deenen am ganze ronn 600 Leit schaffe sollen.[3]

Commons: KFC – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en)The Open Database Of The Corporate World. opencorporates.com. Gekuckt de(n) 14.08.2024.
  2. global.kfc.com: Our Locations
  3. paperjam.lu: KFC recrute pour ouvrir à Belval en octobre vum Thierry Labro (12. Juli 2024)