Op den Inhalt sprangen

Ons Heemecht

Vu Wikipedia
Ons Heemecht, Melodie lauschteren
Partitur vun der Heemecht.

Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg. D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Lauschtert

Generell Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. "Ons Hémecht" stoung als 11. vun 12 Stécker um Programm. [1] Deen Dag huet de President vum Musikverein Agust Fischer eng Ried "in luxemburgischem Dialect" gehal an ënner anerm dëst gesot: "Wât mécht è gléklécht Folk, dir Hèren? dât as sei Frósenn an séng Zefridenhêt! - A wó fent è Bildonk, Frósenn an Zefridenhêt? dass bei Léiden, dé sangen a Musék ma’n, Haut wó d’Letzeburger séch kènnen hu geléert fun èngem Enn zum âner, wó eso fil Dausent zefriden an aus freie Stécken séch hei zesuomen hu font, fir d’Konscht, d’Eintracht an d’Briderléchkèt ze feiern an ze flégen (...)".[2] Den 11. Juni 1864 schreift e Journalist vun der L'Union "Parmi les chœurs, „Ons Hémecht“, poëme de M. Lentz et mis en musique par M. Zinnen a fait fureur. Honneur à nos poëtes et à nos artistes luxembourgeois!"[3]

Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.

1993, am honnertsten Doudesjoer vum Michel Lentz, krut Ons Heemecht e legale Statut an e gesetzleche Schutz. Am Gesetz vum 27. Juli 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwer d'national Ofzeeche geännert huet, heescht et am Artikel 6 datt déi éischt an déi lescht Stroph (déi 4.) vum Gesank «Ons Heemecht» (1859), Text vum Michel Lentz, Musek vum Jean-Antoine Zinnen, sou wéi se am Unhang vun deem Gesetz verëffentlecht sinn, d'Nationallidd vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duerstellen.[4]

Op Nationalfeierdag 2024 gouf an der Philharmonie d'Nationalhymn an engem Arrangement gespillt, déi op enger handschrëftlecher Partitur vum Jean-Antoine Zinnen baséiert huet, an déi esou nach net ze héiere war. Et handelt sech awer net ëm eng nei Versioun vun der Melodie, just vun der Begleedung.[5]

Gesankstext[änneren | Quelltext änneren]

Op dëser Plaz ass d'Heemecht fir d'éischt ëffentlech opgeféiert ginn

Éischt Stroph[änneren | Quelltext änneren]

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
heinidden alles won.
Onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron,
onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron.

Zweet Stroph[änneren | Quelltext änneren]

An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soe kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi ass 't sou gutt doheem!

Drëtt Stroph[änneren | Quelltext änneren]

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d'Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.

Véiert Stroph[änneren | Quelltext änneren]

O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!

Fënneft Stroph[änneren | Quelltext änneren]

O du dem Prënzen ënnerdon,
komm onse Wënsch entgéint.
Am Sonneschäin looss ënnergon,
déi s du mat Muecht gekréint.
Du hues ons Léift an Trei geschwuer,
hal iwwer si deng Hand.
A Fridd a Gléck ginn ni verluer
am Lëtzebuerger Land,
a Fridd a Gléck ginn ni verluer
am Lëtzebuerger Land.[6]

Sechst Stroph[änneren | Quelltext änneren]

Mir bleiw'n der Groussherzogin trei,
soulaang de Bolsschlag geet.
Ass si ablécklech och net hei
fir ons dach fest et steet.
Si gleeft un eis wéi mir u si,
un d'Land an u seng Trei.
Duerfir vergiesst ons Charlotte ni,
duerch si gi mir rëm fräi,
duerfir vergiesst ons Charlotte ni,
duerch si gi mir rëm fräi.[7]

Siwent Stroph[änneren | Quelltext änneren]

O Härgott seen onst klinzecht Land,
mir schwieren Dir all Trei.
Seen Papp a Mamm a seen all Kand,
an Troun a Glaw hal fräi,
An du gutt Mamm vu Lëtzebuerg,
wéi kënnt et anescht sinn.
Du hëllefs ons a Leed a Suerg,
well mir Deng Kanner sinn,
du hëllefs ons a Leed a Suerg,
well mir Deng Kanner sinn.[8]

Iwwersetzung op Franséisch[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Lentz selwer huet seng 4 Strophen den 8. Juni 1871 op Franséisch iwwersat.

Notre Patrie
(Dédié à l'Union des chanteurs Luxembourgeois)

1
Là où l'Alzette baigne dans les prairies,
Où la Sûre gronde à travers les rochers;
Là où la vigne fleurit sur les rives de la Moselle,
Et où le ciel nous fait notre vin;
Là est le Pays pour lequel
Nous exposerions tout dans ce monde,
Notre Patrie que tous nous portons
si profondément dans nos coeurs.

2
Dans sa sombre couronne de forêts
La paix veille sur elle
Et sans faste et sans pompe éclatante
Elle nous montre son gai sourire;
Son peuple heureux peut se dire,
Et ce ne sont pas de vains rêves:
Comme il est doux d'y vivre,
Comme on y est bien chez soi!

3
Des chants, des chants sur les montagnes, dans les vallées
À cette terre qui nous a vu naître!
L'amour nous a mis un écho fidèle
Dans toutes les poitrines;
Aucune mélodie n'est rop belle pour la patrie
Chaque mot qui nous en parle
Nous saisit l'âme comme un chant du Ciel,
Et allume son feu dans nos yeux.

4
O toi là haut dont la main
guide les nations dans ce monde,
Préserve le Pays de Luxembourg
Du joug de l'étranger et du malheur!
Enfants encore, tu nous as donné
À tous cet amour de l'indépedance,
Laisse reluire toujours le soleil de la liberté
qui nous éclaire depuis si longtemps!

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2003. à propos... Symboles de l'État et de la Nation = à propos... Symbole des Staates und der Nation = à propos... Symbols of the state and of the nation. Luxembourg: Service information et presse. 8 p. ISBN 2-87999-043-2. [Armoiries de l'État, Fête nationale, drapeau luxembourgeois, hymne national] PDF
  • Muller, Roger, 2003. "Ons Heemecht" entstand nach einer Vorlage Michel Rodanges. In: Die Warte, Année 55, n° 28 = n° 2048 (2. Oktober), pp. 1–2. Luxembourg.
  • Ulveling, Paul, 1989. Ons Hémecht. Notre Patrie - Notre Hymne national. pp. 568–584 in: Gerges, Martin (Éd.), 1989. Mémorial 1989. À l'occasion du 150e anniversaire de l'indépendance du Grand-Duché.
  • Schwickerath, P., 2023. «Ons Heemecht» – Etude du manuscrit. Die Warte 18/2761 vum 18. Juni 2023, S. 2-3.
  • Schmit, Jean-Philippe, 2024, Wie die „Heemecht“ nach 129 Jahren zur Nationalhymne wurde. Vor 160 Jahren wurde die Komposition uraufgeführt. Sie hat sieben, nicht wie bisher angenommen nur vier Strophen, sagt der Liedersammler Jean Kandel, Luxemburger Wort, 20. Juni 2024, S.12-13.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vereins-Fest am Sonntag, den 5. Juni 1864 zu Ettelbruck. Luxemburger Wort (1. Juni 1864). Gekuckt de(n) 21.6.2024.
  2. Titel VI, Ried vum President. Luxemburger Wort (16.6.1864). Gekuckt de(n) 21.6.2024.
  3. Le festival qui a eu lieu le 5, à Ettelbruck. L-Union (11.6.1864). Gekuckt de(n) 21.6.2024.
  4. Loi du 27 juillet 1993 modifiant et complétant la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux. op legilux.public.lu.
  5. Déi nei Heemecht an hire Verlag. Radio 100,7 Den Hallwer Néng mam Maurice Molitor (3.7.2024). Gekuckt de(n) 4.7.2024.
  6. Dës Stroph gouf fir d'Joerhonnertfeier vun der Onofhängegkeet 1939 geschriwwen.
  7. Dës Stroph gouf 1944 geschriwwen a vun der BBC vu London aus an d'Drëtt Räich gesent.
  8. Dës siwent Stroph huet e reliéise Ursprong. Den Auteur an den Ulass vun dëser Stroph sinn net bekannt.