Op den Inhalt sprangen

Porquerolles

Vu Wikipedia
Topographesch Kaart vu Porquerolles
D'Insel Porquerolles
Strand vu Porquerolles
Hafe vu Porquerolles
Luxushotel zu Porquerolles

Porquerolles ass eng franséisch Insel am Mëttelmier. Et ass déi gréisst an déi westlechst vun den dräi Hyères-Inselen. Porquerolles läit am Beräich vun der Côte d'Azur net wäit vun Toulon an erstreckt sech iwwer eng Fläch vu 1.254 ha. Si huet d'Form vun engem Bou, dee sech vun Osten no Weste spaant a 7,5 km laang a 3 km breet ass. Si huet een Ëmfang vu ronn 30 km. Hiren héchste Punkt erreecht 142 Meter. Porquerolles ass liicht a puer Minutte vun der Hallefinsel Giens, vum franséische Festland mam Schëff aus z'erreechen.

Besidelt gouf d'Insel fir d'éischt am Unfank vum 19. Joerhonnert vu fréien Zaldote vum Napoleon Bonaparte. Am 20. Joerhonnert, bis zum Enn vun den 1930er Joren, huet déi ganz Insel dann dem belschen Ingenieur François Joseph Fournier gehéiert.

1971 huet d'Madame Pompidou hire Mann, de franséische Staatspresident Georges Pompidou, dozou bruecht, d'Insel fir de Staat ze kafen. Si gouf ënner d'Protektioun vum Parc National de Port-Cros a vum staatlechen Institut fir Mierbotanik (Conservatoire Botanique National Méditerranéen de Porquerolles) gestallt. D'Insel huet dofir trotz de villen Touristen am Summer (op all Inselawunner komme bis zu 30 Festlandvisiteuren) hire Charme vu fréier erhalen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Kierch vu Porquerolles ass bekannt duerch hire Kräizwee, deen een Zaldot mat engem Messer geschnëtzelt huet.
  • D'Calanque de l'Oustaou de Diou (Haus vu Gott), sou vun de Fëscher bezeechent, well et den eenzegen Ënnerstand op der Südküst ass. (D'Callanquë si Kalleksteeformatioune mat iwwer- an ënnerierdescher Grottebildung)
  • De Liichttuerm vum Cap d'Arme, vun deem aus een e schéinen Ausbléck op d'ganz Insel huet.
  • Porquerolles ass en Daucherparadäis.
Commons: Porquerolles – Biller, Videoen oder Audiodateien