Op den Inhalt sprangen

Ugrëff op Pearl Harbor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwer Pearl Harbor, kuckt wgl. Pearl Harbor.
Schema vun de japanesche Fligerattacken
Ugrëff op US-amerikanesch Schëffer am Hafen.
Propagandaplakat: "Vengence fir Pearl Harbor".

D'Attack, resp. den Ugrëff oder Iwwerfall op Pearl Harbor war den Ugrëff vum Loftservice vun der Keeserlech Japanescher Marinn op d'Pazifikflott vun de Vereenegte Staaten, de 7. Dezember 1941, am Hafe vu Pearl Harbor op Hawaii.

Mat där Attack huet d'Keeserräich Japan de Pazifikkrich, deen zanter 1937 am Gaang war, an den Zweete Weltkrich ausgebreet. Se gëtt als eng wichteg Zäsur ugesinn, well se den Antrëtt vun den USA an den Zweete Weltkrich, den 8. Dezember, ausgeléist huet. Virdru waren d'Amerikaner offiziell neutral, och wa se Groussbritannien an d'Sowjetunioun materiell ënnerstëtzt haten (Lend-Lease). Den 11. Dezember huet doropshin och Hitler-Däitschland, dat mat Japan alliéiert war, den USA de Krich erkläert.

Duerch dës stënterlech Attack, déi ouni Warnung oder Krichserklärung geschouch, gouf e groussen Deel vun der amerikanescher Flott ausgeschalt, soudatt déi japanesch Flott e puer Méint laang d'absolut Iwwermuecht a Kontroll am Pazifikraum hat. Verschount blouwe just déi 3 amerikanesch Fligerdréier Saratoga, Lexington an Entreprise, déi e puer Deeg virdrun ausgelaf waren an d'Mazout-Depoten, wat dëse Succès relativéiert huet.

E puer Stonne virun där Attack haten d'Japaner och déi brittesch an hollännesch Kolonien a Südostasien ugegraff, soudatt de Krich ewell global war.

Laangfristeg war dës Attack, obwuel se ufanks d'Amerikaner militäresch geschwächt hat, fatal fir d'Japaner: Well se allgemeng als feig a perfid ugesi gouf, konnt d'US-Regierung hir Bevëlkerung, déi bis dohi majoritär éischter pazifistesch oder isolationistesch agestallt war, ouni Schwieregkeete fir en Antrëtt an de Krich mobiliséieren, woumat wéinst de groussen amerikaneschen industrielle Ressourcen déi Alliéiert e Virdeel kruten, deem hir Géigner näischt gläichwäerteges entgéint setze konnten.

Ursaach an Oflaf

[änneren | Quelltext änneren]

Diplomateschen Hannergrond

[änneren | Quelltext änneren]
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.


Approche an Ugrëff

[änneren | Quelltext änneren]

De japanesche Generol a Premierminister Tojo wollt an engem Streech d'amerikanesch Pazifikflott zerschloen an doduerch d'Méiglechkeet hunn, fir ongestéiert Eruewerungen an Asien ze maachen.

Sou huet sech de 26. November 1941 eng grouss Flott vun der Hitokappu-Bucht op de Kurilen aus heemlech op de Wee a Richtung Hawaii gemaach. Se huet dofir eng Nordroute, déi net vill befuer ass, geholl a sech ouni Funkverkéier deplacéiert. D'Flott huet aus 2 Schluechtschëffer (Nagato an Hiei), 2 Panzerkräizer, 1 liichte Kräizer, 9 Zerstéierer, 31 U-Booter, 8 Ravitaillementsschëffer, en ettlech Tankschëffer a 6 Fligerdréier mat 392 Fligere bestanen.[1]

Sonndes de 7. Dezember, um 7:48 Auer hawaiianesch Zäit mueres ass eng éischt Well vun 140 Bomberen a Juegdbomberen, eskortéiert vu 40 Jeeër Mitsubishi A6M2, besser als Zero bekannt, vun de Fligerdréier aus gestart, an hu Pearl Harbor um fënnef vir aacht ugegraff a bombardéiert. D'Amerikaner déi sengerliewen u keen Ugrëff geduecht hätten, ware sou iwwerrascht datt beim Alarm nach huet misse preziséiert ginn: Dat hei ass keen Exercice. Eng zweet Well mat 170 Fligeren huet eng drësseg Minutten duerno zougeschloen. Um zéng Auer war alles eriwwer an de Gros vun der Pazifikflott war kampfonfäeg gemaach ginn. D'Japaner hate bei där Attack just 29 Fligeren a 5 Täschen-U-booter verluer.

De Vize-Admirol Nagumo huet virsiichtshalber keng drëtt Attack fléie gelooss, déi d'Mazoutstanken hätt kënnen zerstéieren, well hie wollt seng Ekippe schounen, déi net genuch fir Nuetslandungen op de Fligerdréier ausgebilt waren. Grad sou huet en op eng Verfollgung vun den dräi amerikanesche Fligerdréier verzicht, well e gemengt huet de Succès wier grouss genuch.

Amerikanesch Verloschter

[änneren | Quelltext änneren]

Am Moment vum Ugrëff louche 96 Schëffer vun alle Gréissten, an an ëm den Hafen. Dovu waren 8 Schluechtschëffer, 2 schwéier a 6 liicht Kräizer. 29 Zerstéierer, 4 U-Booter, an en aalt Schluechtschëff, dat bei Schéissübungen als Zilscheif geholl gouf. Nach fënnef aner Schëffer waren am Ëmkrees vun zéng Meile vun Oahu.

Schëffsverloschter (néng versenkt oder deelweis zerstéiert)

[änneren | Quelltext änneren]

Beschiedegt Schëffer

[änneren | Quelltext änneren]

Mat Ausnam vun der Arizona an der Utah goufen d'Schëffer all erëm gehouwen a flott gemaach, soudatt als Totalverloschter nëmmen dës zwee Schëffer ze betruechte sinn.

Dobäi kann een nach d'Oklahoma rechnen déi zwar gehuewen, awer net méi reparéiert gouf.

Fligerverloschter

[änneren | Quelltext änneren]

Op de verschiddene Fluchhäfen op Oahu waren 394 Fligere stationéiert vun deenen der vill vereelzt, an net asazbereet waren, oder nëmme fir Opklärung gebraucht goufen.

D'Marinn hat zirka 157 Maschinnen déi asazbereet waren an d'Arméi zirka 139. Vun dësen 296 Maschinne waren der 279 modern Maschinnen.

Dovun haten d'Japaner der 177 zerstéiert oder sou staark beschiedegt datt se net méi fléie konnten. Am grousse Ganzen haten d'US-Amerikaner 230 Fligere verluer, vun deenen awer eng Partie dovun net als Verloscht gerechent goufen, well se souwisou schonn ausrangéiert waren oder well den Asazwäert praktesch Null war. Honnert Fligere ware sou wéineg beschiedegt, datt s'erëm gefléckt konnte ginn.

Personalverloschter

[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze waren 2.403 Mann gefall, an et gouf 1.178 Blesséierter. Eleng bei der Explosioun vun der Arizona waren 1.103 Offizéier a Mannschaften ëm d'Liewe komm.

  • Lengeler, Hans & Kobler-Edamatsu, Sumie; Pearl Harbor 1941 (Ënnertitel:Paukenschlag im Pazifik), Podzun-Pallas-Verlag, 160 Säiten, 80 Biller. D'Buch behandelt d'Attack op Pearl Harbor aus japanescher Siicht

Filmer iwwer Pearl Habor

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ugrëff op Pearl Harbor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Larousse de la seconde guerre mondiale