Op den Inhalt sprangen

Astronomy and Astrophysics

Vu Wikipedia

Astronomy and Astrophysics, ofgekierzt A&A oder Astron. Astrophys., ass eng Fachzäitschrëft fir Astronomie an Astrophysik.

A&A ass 1969 duerch Fusioun vu sechs europäesche Fachzäitschrëfte entstanen:

  • Annales d'Astrophysique (Frankräich), gegrënnt 1938
  • Arkiv for Astronomi (Schweden), gegrënnt 1948
  • Bulletin of the Astronomical Institutes of the Netherlands (Holland), gegrënnt 1921
  • Bulletin Astronomique (Frankräich), gegrënnt 1884
  • Journal des Observateurs (Frankräich), gegrënnt 1915
  • Zeitschrift für Astrophysik (Däitschland), gegrënnt 1930

erweidert gouf A&A 1992 duerch d'Verbanne mat dem

  • Bulletin of the Astronomical Institutes of Czechoslovakia (Tschechoslowakei), gegrënnt 1947

1990 gouf 'Astronomy and Astrophysics' mat dem separat publizéierten ergänzende Schwësterorgan 'Astronomy and Astrophysics Supplement Series' verschmolz. De Copyright huet den ESO.

A&A gehéiert haut wéi Astrophysical Journal, Astronomical Journal a Monthly Notices of the Royal Astronomical Society zu de féierende Fachzäitschrëften an der Astronomie.

Memberstaaten

[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech Memberstaate waren déi véier Länner déi zu der A&A verschmolzenen Zäitschrëften (Frankräich, Däitschland, Holland a Schweden) souwéi Belsch, Dänemark, Finnland a Norwegen. D'ESO huet als 'Memberstaat' deelgeholl. Norwegen huet sech spéider zeréck gezunn, wärend Éisträich, Griicheland, Italien, Spuenien an d'Schwäiz sech ugeschloss hunn. Tschechien, Estland, Ungarn, Polen an d'Slowakei sinn als nei Memberen an den 1990er Jore bäigetratt. 2001 gouf den Zousaz "eng europäesch Zäitschrëft" vun der Titelsäit gestrach fir déi zouhuelend weltwäit Roll zeréckzespigelen.

Als éischt net-europäescht Land gouf Argentinien am Joer 2005 volle Member. Brasilien, Chile a Portugal goufen deemools Observer a sinn an der Tëschenzäit och Vollmember.

Portal Astronomie