Op den Inhalt sprangen

Dënndaarm

Vu Wikipedia
Scheema vum mënschleche Dënndaarm (faarweg ervirgehuewen).

Den Dënndaarm oder Dünndarm (lat. intestinum tenue) ass en Organ an den Deel vum Daarm a vum Verdauungssystem, dee fir d'Ophuele vun Närstoffer aus der Narung verantwortlech ass.

E mécht beim Mënsch ronn Dräivéierel vum Verdauungstrakt aus a ka bis zu sechs Meter laang ginn. En ass zesummegerullt a -gefaalt an hëlt vill Plaz am Bauch.

Am Dënndaarm kënnt d'Narung un, déi virdrun duerch den Oesophage an de Mo komm ass, wou se virverdaut gouf. Am Dënndaarm zerleeën Enzymer d'Komponente vun der virverdauter Narung, wéi Kuelenhydrater, Proteinnen oder Fetter an hir Eenzeldeeler – also an Zocker, Aminosaieren a Fettsaieren. D'Enzymer ginn am Mond (Spaut), am Mo an an der Bauchspeicheldrüs gebilt an als Verdauungssaaft an den Daarm ofginn. Dobäi kënnt d'Gal an den Daarmsekreet. Si erliichteren d'Zerleeë vun der Narung. Zousätzlech ginn de Mo an den Daarm Schläim of, dee verhënnert, datt d'Enzymer d'Schläimhaut ugräifen. Deem ganze Bräi ginn also vill Saaft a Schläim bäigemëscht an en ass am Dënndaarm ganz flësseg.

D'Wand vum Dënndaarm hëlt déi nutritiv Elementer aus der Narung, d'Vitaminnen an d'Salzer op. Vun do aus kommen d'Närstoffer an d'Blutt an an all d'Organer am Kierper. An där Wand ginn och verschidden Hormoner produzéiert, déi ënner anerem d'Produktioun vun der Gal an dem Saaft vun der Bauchspeicheldrüs ureegen. Doduerch ginn dann nach méi Flëssegkeeten an den Daarm ofginn. D'Hormoner léisen och am Gehier e Sättegungsgefill aus.

Den Dënndaarm gëtt an dräi grouss Segmenter ënnerdeelt: den Zwieleffangerdaarm (Duodenum), de Jejunum an den Ileum.

Commons: Dënndäerm – Biller, Videoen oder Audiodateien