Op den Inhalt sprangen

Gesiicht

Vu Wikipedia

D'Gesiicht ass beim Mënsch de viischten Deel vum Kapp a bezitt sech op dee Beräich, dee sech vun der Spëtzt vun der Stier bis bei de Kënn a vun engem bei dat anert Ouer erstreckt.

D'Grondform vum mënschleche Gesiicht gëtt duerch d'Gesiichtsskelett (oder Gesiichtsschädel) dat drënnerläit, duerch d'Gesiichtsmuskelen an d'Quantitéit vum subkutane Geweebe bestëmmt. D'Gesiicht spillt eng wichteg Roll an der Kommunikatioun a beim Ausdrock vun de Gefiller an der Stëmmung. Zousätzlech bestëmmen d'Grondform vum Gesiicht an aner Eegenaarte vum Gesiicht eis extern Identitéit.

Schanke vum Gesiicht

[änneren | Quelltext änneren]
Iwwersiicht vun de Gesiichtsschanken

De Gesiichtsschädel (ëmgangssproochlech Schierbel, lat. Viscerocranium) besteet aus véierzéng Schanken, sechs Koppelen an zwéin eenzeler. D'Schanke vum Viscerocranium begräifen:

  • zwee Nuesbeen (Os nasale),
  • zwee Tréinebeen (Os lacrimale),
  • zwou Nuesmuschelen (Concha nasalis inferior),
  • zwou Schanke vum Ieweschte Gebéck oder Uewerkiferschanken (Maxilla),
  • d'Ënnescht Gebéck oder Ënnerkifer (Mandibula),
  • zwee Gummbeen (Os palatinum),
  • zwee Jachbeen (Os zygomaticum),
  • de Vomer ((de) Pflugscharbein).

D'Haaptfunktioun vun dëse Schanken ass fir dem mënschleche Gesiicht eng Form ze ginn an déi bannenzeg Strukturen ze schützen. Zousätzlech bidden dës Schanken Ëffnunge fir de Passage vun neurovaskuläre Strukturen a knacheg Elementer fir d'Befestegung vun de Gesiichtsmuskelen.

Gesiichtsmuskulatur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesiichtsmuskelen (och nach mimesche Muskelen) bestinn aus ongeféier 20 iwwerflächleche Skelettmuskele vum Gesiicht an der Kapphaut, déi ofhängeg vun hirer Lag a Funktioun, a verschidde Gruppen opgedeelt ginn:

  • Buccolabial Grupp: eelef Muskelen déi fir d'Beweegung an d'Form vum Mond an de Lëpse verantwortlech sinn,
  • Nasal Grupp: dräi Muskelen,
  • Orbital Grupp: dräi Muskelen déi responsabel si fir d'Aen op- an zouzemaachen grad ewéi fir d'Aperhoer ze beweegen,
  • Grupp vun der Kapphaut an der Akaul: dräi Muskelen déi d'Ouerläppercher an d'Ouermuschel an engem gewësse Mooss beweege kënnen,
  • Aurikulär Grupp: zwéi Muskelen, engersäits verantwortlech fir d'Beweegung vun der Stier an anersäits fir d'Genéck an d'ënnescht Lëps.

D'primär Funktioun vun de Gesiichtsmuskelen ass et, fir eng breet Pallett vu Gesiichtsausdréck z'erméiglechen, déi wichteg si fir Emotiounen a Stëmmungen auszedrécken (z. B. Laachen, Grinsen, d'Stier a Fale leeën, …). Doriwwer eraus hëllefen dës Muskelen de Mond an d'Aen op- an zouzemaachen an domat déi empfindlech Deeler vum Gesiicht ze schützen.

Beräicher vum Gesiicht

[änneren | Quelltext änneren]

Iewescht Gesiicht

[änneren | Quelltext änneren]

Den ieweschten Deel vum Gesiicht geet vun do wou d'Hoer ufänke bis bei den ënneschte Bord vun der Aenhiel; säitlech erstreckt e sech bis bei d'Regioune vun de Schleef. Dat iewescht Gesiicht kann an dräi separat Regiounen opgedeelt ginn:

  • d'Stierregioun (Regio frontalis),
  • d'Orbital- oder Aenhielregioun (Regio Orbitalis) an
  • d'Schleefregioun (Regio temporalis).

Mëttelst Gesiicht

[änneren | Quelltext änneren]

De mëttleren Deel erstreckt sech vum ënneschten Aendeckel bis op d'Spëtzt vun der ieweschter Lëps a charakteriséiert sech duerch véier Regiounen :

  • d'Nasalregioun oder d'Regioun ëm d'Nues (Regio nasalis),
  • d'suborbital Regioun oder d'Regioun vun den Ënneraenhielen (Regio infraorbitalis),
  • d'zygomatesch Regioun oder d'Regioun vum Jochbeen (Regio zygomatica) an
  • d'Ouerregioun (Regio auricularis).

Ënnescht Gesiicht

[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Deel vum Gesiicht gëtt uewe vum Bord vun der ieweschter Lëps an ënne vum ënneschte Bord vum Kënn agegrenzt. Säitlech reecht d'ënnescht Gesiicht op all Säit bis de Wénkel vum Ënnerkifer. Déi eenzel Regioune vum ënneschte Gesiicht sinn:

  • d'Mondregioun (Regio oralis),
  • d'Kënnregioun (Regio mentalis),
  • d'Bakeregioun (Regio buccalis) an
  • d'Regioun ëm de Knamuskel (Musculus masseter) an d'Parotisdrüs (Regio parotideo-masseterica).
Commons: Gesiichter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Gesicht op kenhub.com, Heidi Zhu Ge, 29. Februar 2024, gekuckt de 25. Juli 2024