Op den Inhalt sprangen

Ilse Ries-Hotz

Vu Wikipedia
Ilse Ries-Hotz
Gebuertsnumm Martha Ilse Hotz
Gebuer 27. Juli 1949
Schwarzenbach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bouschéisser
Veräin/Ekipp Flèche d'Or
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1988

D'Ilse Ries-Hotz, gebuer als Martha Ilse Hotz[1], de 27. Juli 1949 zu Schwarzenbach (Bayern, Däitschland) als ass eng fréier lëtzebuergesch Bouschéisserin an Olympionickin.[2]

Sportlech Karriär[3]

[änneren | Quelltext änneren]

D'Ilse Ries-Hotz huet mat 31 Joer – zesumme mat hirem Mann – d'Bouschéisse fir sech entdeckt an huet beim François Wies bei der Flèche d'or trainéiert. No enger Auszäit wärend där si hiert drëtt Kand kritt hat, hat si e Comeback an huet 1986 de Lëtzebuerger Titel gewonnen.

Nodeems si uganks vum François Wies trainéiert gouf, war si zäitweis bei de Marcel Balthasar, de Claude Rohla an de Jean-Pierre Brunner gewiesselt. Just virun den olympesche Spiller vun 1988 hat si keen Trainer an huet sech du beim däitsche Jürgen Mai gemellt. D'Ännerungen an der Technik déi si do geléiert huet, koumen hir net zegutt an et war net sécher, datt s'op den olympesche Spiller kéint matmaachen. Si huet sech doropshi vum François Wies a Claude Rohla berode gelooss a konnt hir Leeschtungen nees verbesseren, sou datt se schlussendlech awer fir Seoul qualifizéiert gouf.

D'Ilse Ries-Hotz ass mam Roger Ries bestuet a Mamm vun dräi Kanner. Si krut 1984 déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun[1].


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)Lois du 19 juillet 1984 conférant la naturalisation. data.legilux.public.lu (19.07.1984). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  2. D'Ilse Ries-Hotz op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S.82-83. ISBN 978-2-9599734-5-1