Op den Inhalt sprangen

S/2003 J 2

Vu Wikipedia
S/2003 J 2
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 2
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 28.570.410 km
Periapsis 17.713.654 km
Apoapsis 39.427.166 km
Exzentrizitéit 0,38
Ëmlafzäit 982,5 Deeg
Ëmlafvitess 2,11 km/s
Inklinatioun 151,8°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04 (?)
Visuell Magnitude (mag) 23,2
Entdeckung
Entdecker Astronomen vun der
Universitéit Hawaii
Entdeckungsdatum 5. Februar 2003


Den S/2003 J 2 ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Den S/2003 J 2 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound huet nach keen offiziellen Numm – bei de Jupitermounden sinn dat an der Reegel weiblech Figuren aus der griichescher Mythologie –, no der Systematik vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) krut de Mound virleefeg d'Nummer S/2003 J 2.

Den S/2003 J 2 ass bis elo dee bekannte Mound deen am wäitste vum Jupiter ass. Hie kreest op enger mëttlerer Distanz vun 29.541.000 km an 979 Deeg, 23 Stonnen a 46 Minutten, ëm de Planéit. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2255. Mat enger Inklinatioun vun 160,638° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Hie gehéiert zu kenger bekannter Grupp vu Mounden, déi de Jupiter op kollektive Bunnen ëmkreesen.

D'Grenz vum Jupiter sengem gravitativen Afloss gëtt duerch d'Hill-Sphär definéiert, där hire Radius ongeféier ass. Dobäi sinn an dem Jupiter seng grouss Hallefachs a Mass, an d'Mass vun der Sonn. Domat ergëtt sech e Radius vu ronn 52 Mio. Kilometer. Den S 2003 J 2 distanzéiert sech op senger exzentrescher Bunn bis zu 36 Mio. km vum Jupiter. Méiglecherweis gëtt nach Mounden déi méi wäit ewech sinn.

Physikalesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]

Den S/2003 J 2 huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus silikateschem Gestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,2m.

Portal Astronomie