Sechskeeserjoer
Ausgesinn
Als Sechskeeserjoer gëtt d'Joer 238 n. Chr. bezeechent. D'Evenementer vun 238 gëllen als eng vun de schwéierste Regierungskrise vun der réimescher Geschicht a weisen déi strukturell Schwächt vum Keeserräich, déi eréischt an der Spéitantiquitéit iwwerwonne konnt ginn.
![](http://178.128.105.246/host-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/3/35/Roman_denarius_in_silver_%28Maximinus%29-transparent.png)
An deem Joer goufe sechs Männer no- a mateneen vum Senat als réimesch Keeseren unerkannt. Dës sechs Männer waren:
- de Maximinus Thrax
- de Gordian I.
- de Gordian II.
- de Pupienus
- de Balbinus
- de Gordian III.
De Gordian III. huet dunn ëmmerhi sechs Joer laang regéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Keesere vum Réimesche Räich
- Véierkeeserjoer (69)
- Zweet Véierkeeserjoer (193)
- Dräikeeserjoer (1888)
![]() |
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |