Op den Inhalt sprangen

Virus

Vu Wikipedia
Opnam vum H5N1-Virus ënnert dem Elektronemikroskop. De Virus ass digital gëllen nogefierft.

E Virus, an der Méizuel Virussen oder Viren, ass e winzegen Deel aus organeschem Material, dat sech nëmmen an den Zelle vun de Liewewiese vermeere kann. Wann e Virus an eng lieweg Zell andréngt, fänkt déi Zell ("Wiertszell" genannt) un, vill Kopie vun deem urspréngleche Virus ze produzéieren. Virussen infizéieren all Forme vum Liewen, vun den Déieren, de Champignonen an de Planzen, bis hin zu Mikroorganisme wéi Bakteerien an Archaeën. Si kommen an allen Ekosystemer vir a sinn am Buedem, an der Loft an am Waasser dacks unzetreffen. D'Wëssenschaft, déi sech mat de Virusse befaasst, ass d'Virologie, en Deelgebitt vun der Mikrobiologie.

Virussen hunn eng relativ einfach Struktur. En eenzele Viruspartikel gëtt als Virion bezeechent an enthält ënnerlech genetescht Material. Dat besteet aus engem laangen DNA- oder RNA-Moleküll, dat Uweisunge fir d'Produktioun vu Proteinen enthält. E Virus huet ëmmer e Mantel aus Protein, de Kapsid, deen dat genetescht Material ëmgëtt a schützt. An e puer Fäll gëtt et och e baussenzege Mantel aus Lipiden, d'Virusenveloppe. Déi meescht Viren sinn esou kleng, datt si mat engem Liichtmikroskop net kënne gesi ginn, ronn 100 Mol méi kleng wéi déi meescht Bakteerien.

Virusse verbreede sech op ënnerschiddlech Weisen, zum Beispill iwwer ausgeotemt Aerosoler oder iwwer Vektore wéi Stiechmécken an Zecken. Fir Viren, déi an de Kierper andréngen, ze eliminéieren, hu Wierbeldéiere komplex Immunsystemer. E puer Virussen, déi fir de Mënsch geféierlech sinn, wéi zum Beispill Herpesvirussen oder HIV, kënnen dem Immunsystem entkommen. Et goufe verschidden Impfstoffer entwéckelt, fir Virusinfektiounen ze verhënneren. Dank erfollegräichen Impfstrategien konnten e puer berüchtegt Viruskrankheeten antëscht eradikéiert ginn.

Commons: Virussen – Biller, Videoen oder Audiodateien