Op den Inhalt sprangen

Jaipur

Vu Wikipedia
Jaipur
Land Indien
Awunner 3.073.350 (2011)
Fläch 467 km²
Koordinaten 26°55'N, 75°52'O
Telefonszon 141
Postcode 302001
Websäit http://jaipurmc.org

Jaipur (Hindi: जयपुर - Jayapur) ass eng Stad am indesche Bundessaat Rajasthan. Si huet ronn 3 Milliounen Awunner.

Jaipur ass eng Industriestad, déi séier wiisst, mat Metall-, Textil-, Schmuck- a cheemescher Industrie; an hirer Ëmgéigend ginn et Biergbau a Landwirtschaft.

Se läit ronn 300 Kilometer südwestlech vun Delhi, 200 Kilometer westlech vun Agra an 180 Kilometer nordwestlech vum Ranthambhore-Nationalpark.

D'Stad ass e kulturellen Zentrum, mat enger Universitéit, Theateren, Kinoen, Muséeën, engem Zoo a Konschtmonumenter. Si ass e Verkéiersknuet am Stroossen- an Eisebunnsreseau an huet e Fluchhafen. D'Alstad, bannent enger aler Stadmauer, gouf 2019 op d'Lëscht vun den UNESCO-Weltierfschaften opgeholl.[1]

D'Stad gouf de 17. November 1727 vum Maharadscha Jai Singh II. (1686–1743) als nei Haaptstad vum Fürstestaat Jaipur gegrënnt an no de Prinzipie vun der Shilpa Shastra gebaut. Wéinst der eenheetlech rosrouder Faarf vun de Gebaier aus Sandsteen an der Alstad gëtt Jaipur "Pink City" genannt.

No der Onofhängegkeet vun Indien vu Groussbritannien, de 15. August 1947, ass de Staat Jaipur 1949 mat de Fürstestaaten Bikaner, Jodhpur a Jaisalmer zum Rajasthan fusionéiert, a Jaipur gouf deem seng Haaptsad. 2008 koum et zu enger terroristescher Attack, mat ronn 60 Doudesaffer.[2]

De Stadpalais mam Hawa Mahal an de Jantar Mantar-Observatoire zielen zu de kuckeswäerte Gebaier an der Stad.

  • Gerrit Bretzler,Jaipur – Studien zur Stadt- und Sozial-Geografie einer indischen Großstadt, Universität Bochum, Abteilung Geowissenschaften, Dissertation 1970
Commons: Jaipur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Welterbe weltweit. op unesco.org( nogekuckt:2019-08-01)
  2. Ausgangssperre in Jaipur – Behörden sprechen von Terrorangriff 14. Mai 2008