Rousemaräin
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://178.128.105.246/cars-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/00/Rosmarinus_officinalis_-_K%C3%B6hler%E2%80%93s_Medizinal-Pflanzen-258.jpg/220px-Rosmarinus_officinalis_-_K%C3%B6hler%E2%80%93s_Medizinal-Pflanzen-258.jpg)
![](http://178.128.105.246/cars-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Rousemar%C3%A4in--w.jpg/220px-Rousemar%C3%A4in--w.jpg)
De Rousemaräin, Rosmarinus officinalis L., ass e wanterhaart Kraut aus der Famill vun de Lëpsebléieplanzen (Lamiaceae). D'Planz ass fir seng ëmmergréng Blieder, déi wéi Nolen ausgesinn an aromatesch richen, bekannt a beléift.
![](http://178.128.105.246/cars-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/09/Rosmarinus_officinalis_MHNT.BOT.2008.1.19.jpg/220px-Rosmarinus_officinalis_MHNT.BOT.2008.1.19.jpg)
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm huet näischt mam Fraennumm ze dinn; e kënnt aus dem Latäin ros marinus a bedeit Da vum Mier.
Op Lëtzebuergesch kann d'Aart och nach Rosemaräin genannt ginn.[1]
Wou e wiisst
[änneren | Quelltext änneren]De Rousemaräin wiisst wëll an de Mëttelmiergéigenden, vu Portugal bis a Klengasien. D'Planz huet gär dréche Plazen an der Sonn.
Se gëtt als Gewierzplanz ugeplanzt, awer och fir schéin ze maachen.
Parfum
[änneren | Quelltext änneren]Den ethereschen Ueleg, deen aus de Blieder mat Waasserdamp destilléiert gëtt, gëtt am Eau de Cologne gebraucht.
De Rousemaräin an der Kichen
[änneren | Quelltext änneren]An der Mëttelmierkichen, virun allem an der italieenescher, spillt de Rousemaräin eng wichteg Roll.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rousemaräin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Klees 1994 an der Literatur.