Op den Inhalt sprangen

Théiwes (Apostel)

Vu Wikipedia
Théiwes (Apostel)
Titel
Titel Apostel
Biographie
Gebuer 1. Joerhonnert
Eretz Israel
Gestuerwen 74
Ethiopien
Doudesursaach Käppen
Papp Alphäus
Aktivitéit Douanier,
Paschtouer,
Publicani
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 21. September

Den Théiwes (och nach Matthäus, Mat(t)hieu oder Mat(t)hew), gebuer uganks vum 1. Joerhonnert a Galiläa a gestuerwen am Joer 74 an Egypten, war am Neien Testament en Apostel vum Jesus. Ëmgangssproochlech ass hien och als Hellegen Théiwes bekannt.

Liewen a Legend

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Théiwes gëtt gemenkerhand als Mënsch oder Engel duergestallt; seng Attributer sinn e Schwäert an / oder e Portmonni.

Dem Théiwes säin Dag ass an der réimesch-kathoulescher, an der evangeelescher Kierch grad ewéi an der anglikanescher Kierch den 21. September; an der orthodoxer Kierch ass et de 16. November.

Hien ass de Patréiner vu Salerno (Italien) an och vun de Bankmataarbechter, de Finanz-, Steier- Douanesbeamten, de Geldwiessler an de Comptabelen.

Hie gëtt fir de Mëllechfloss bei de Fraen, géint onheelbar Krankheeten a géint den Alkoholismus ugebiet.

Fir un den Théiwes z'erënneren, ass am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: Rue St Mathieu.

Commons: Théiwes (Apostel) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]