Valle de Viñales
Ausgesinn
![](http://178.128.105.246/cars-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b2/Vi%C3%B1ales_et_Mogote_del_Valle_depuis_La_Ermita.jpg/220px-Vi%C3%B1ales_et_Mogote_del_Valle_depuis_La_Ermita.jpg)
![](http://178.128.105.246/cars-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/50/Valle-de-Vi%C3%B1ales-op-der-Kaart.jpg/220px-Valle-de-Vi%C3%B1ales-op-der-Kaart.jpg)
De kubaneschen Nationalpark am Dall Valle de Viñales ass 21.600 ha grouss a läit 53 km nërdlech vu Pinar del Río an der Provënz mam selwechten Numm.
Do leien d' Mogotes, grouss Kalleksbierger, déi sech aus der rouder Äerd ervirdinn a vun ënnerierdeschem Waasser ausgehielegt goufen.
Den Zentrum vun deem Dall ass d'Uertschaft Viñales, déi et zanter 1607 gëtt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Cueva del Indio: dëst sinn ënnerierdesch Hielen an de Mogotes, wou ee mam Boot kann doduerch fueren.
- Mural de la Prehistoria: 1961 huet de Kënschtler Leovigildo González op der Kalleksmauer vun engem Mogote e Bild gemoolt, dat 120 Meter héich an 180 Meter breet ass..
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Valle des Vinales – Biller, Videoen oder Audiodateien |