Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Tour/1

Vu Wikipedia
Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Wann Dir scho wësst, no wat Dir siche wëllt, da fannt Dir déi passend Informatiounen am séiersten iwwer d'Sichfeld, dat een op all Säit uewe fënnt:

D'Sichfeld op der Lëtzebuergescher Wikipedia.

An d'Textfeld gitt Dir e Stéchwuert an, iwwer dat Dir gär méi gewuer gitt. Tipp: Amplaz fir d'éischt mat der Maus an d'Sichfeld ze klicken, kënnt Dir d'Sichfeld och mat der Tastekombinatioun Alt + Shift + F aktivéieren an direkt lasstippen.

Fir déi meescht Artikelnimm benotzt Wikipedia d'Eenzuel. Wann Dir eppes iwwer Seefeblose gewuer wëllt ginn, da sicht no „Seefeblos“. Nëmme wann d'Eenzuel net dacks gebraucht gëtt, wéi zum Beispill bei „Olympesch Spiller“, gëtt d'Méizuel benotzt. Och biologesch Taxa iwwert dem Aartenniveau stinn an der Méizuel.

D'Sichfeld, nodeems een „Zitrouneblat“ aginn huet.

Klickt op „Volltext-Sich“, wann Dir direkt op den Artikel iwwer Äert Stéchwuert komme wëllt. Wann et keen Artikel mat deem Numm gëtt, dann duerchsicht Wikipedia automatesch all d'Säiten nom Stéchwuert (kuckt den nofollgende Fall).

Mat engem Klick op „No Säite mat Stéchwuert sichen“ kënnt Dir direkt all d'Säiten op der Wikipedia nom Stéchwuert ofsichen. Standardméisseg kritt Dir eng Lëscht vun allen Artikelen a Kategorien ugewisen, an deenen d'Stéchwuert virkënnt; Dir kënnt d'Nummraim, an deene gesicht gëtt, awer och manuell upassen.

D'Lëscht vun de Resultater, nodeems een no Säite mat „Zitrouneblat“ gesicht huet.


Weider mam Tour